Seng musikalësch Ausbildung huet de Nico Koch am Conservatoire zu Lëtzebuerg an am
Conservatoire Royal de Musique de Bruxelles gemaach.
Zu Lëtzebuerg huet de Nico Koch beim Professor Waltzing G. de "Prix supérieur" op der Trompette
absolvéiert , do dernieft huet hien ënner anerem och en 1. Präis an der Kammermusek gemaach, souwéi
Direktioun beim Professor Marco Pütz studéiert.
Seng Erfahrung an der Direktioun huet de Nico Koch bei de Museken vun Itzëg a Mäerzeg, souwéi op
verschiddene Museksstagen vu Jugendensembelen gemaach.
Zënter 1988 ass hien engersäits "chargé de cours" fir klenge Blech an Ensembelen am Conservatoire
du Nord zu Ettelbréck, an anerersäits vun 1991 un , "chargé de cours" fir klenge Blech an der
Museksschoul zu Iechternach.